Stammdësch : Nohaltegkeetscritèren an Ärem Betrib erfaassen

Conférence / séminaire

Mardi 22 Oct 2024

18:00-21:00

ALEO FILOSOFIA MEDITERRANEA - 37, rue de Beggen

Dëst Evenement ass op Lëtzebuergesch

Ënnert dem Motto “Austauschen, Léieren, Networken” invitéiere mir Iech häerzlech op eisen nächsten eHandwierk Stammdësch! Kommt a léiert, wéi Dir d’Nohaltegkeetscritèren an Ärem Handwierksbetrib identifizéieren an ëmsetze kënnt. Dëst gëtt ëmmer méi wichteg a wäert an Zukunft och ëmmer méi gefrot ginn, besonnesch wann Dir an der Liewensmëttelkette vu groussen Entreprisen sidd, bei ëffentleche Marchéen an och vun de Banken.

Nohaltegkeetscritèrë ginn och am Handwierk ëmmer méi wichteg! Sief et de Client, de Fournisseur oder d’Bank, déi dono freet, d’Nohaltegkeet ass scho laang net méi just en “Buzz-Wuert”. Dowéinst invitéiert de Service eHandwierk Iech op den nächste Stammdësch. Kommt a diskutéiert zesumme mat eis iwwer d’Zukunft vum Handwierk am Kontext vun der Nohaltegkeet.

Mir ginn Iech och gär Tipps a Tricks mat op de Wee, wéi Dir Iech do am beschte virbereede kënnt, z.B. wat fir Hëllefen Iech do kënne weiderhëllefen oder Iddie fir un engem Plang d’Aktioun ze schaffen.

Firwat sollt Dir deelhuelen?

  • Inspiréierend Diskussiounen: Tauscht Iech mat anere Fachleit aus a léiert vun hiren Erfahrungen.
  • Praktesch Tipps: Kritt konkret Tipps a Tricks, wéi Dir Nohaltegkeet an Ärem Betrib verbessere kënnt.
  • Netzwierk: Erweidert Äert Netzwierk a knëppt wäertvoll Kontakter an enger gemittlecher Atmosphär.

Datum & Uhrzeit

Dienstag, 22. Oktober 2024, von 18:00 bis 21:00.

Teilnahmebedingungen und -kosten

Die Teilnahme ist kostenlos, eine Anmeldung über das untenstehende Formular ist jedoch erforderlich.

Informationen über die Teilnahmebedingungen für diese Veranstaltung und die Verarbeitung personenbezogener Daten, die durchgeführt wird, sind in den Allgemeinen Bedingungen für die Teilnahme an Fortbildungen der Chambre des Métiers festgelegt.

Platz

ALEO FILOSOFIA MEDITERRANEA

37, rue de Beggen

L-1221 Luxembourg

Kontakte

eHandwierk                             Elisa Mendes

(+352) 42 67 67 - 505             (+352) 42 67 67 - 266

ehandwierk@cdm.lu               elisa.mendes@cdm.lu

Mardi 22 Oct 2024

18:00-21:00

ALEO FILOSOFIA MEDITERRANEA - 37, rue de Beggen

Langue

Luxembourgeois

Partager cet article